E Sonndig, den 9.11.25 hat den Nidderpallener Gesank op hiert Iessen invitéiert.
De President Freddy Sangers huet d’Leit begréisst an hinne Merci gesot fir all Engagement am Laf vum Joer fir de Veräin.
Dobäi ass Geld an d’Kees komm, wat de Veräin nit fir eegen Aktivitéiten ausgëtt mee fir Leit, deenen et manner gutt geet wéi eis.
Besonnesch huet hien dunn de Pater Jean-Jacques Flammang an d’Madamm Stéphanie Rosquin begréisst. Si si mat jeeweils engem Scheck vun 3000€ fir hir Associatiounen iwwerrascht ginn .
Si zwee hunn en häerzliche Merci gesot a spéider Infoen iwwert hir Associatioune ginn.
De Pater Flammang huet de Waasserprojet a Madagaskar vun Heimat und Mission virgestallt. Si hëllefen op der Platz deenen Äermsten vun deenen Aarmen direkt doduerch, dass z.B. a verschiddenen Dierfer, déi ouni proppert Waasser sinn, Wasserpëtze gegruewe ginn, déi hinnen hëllefen, och wärend den Drecheperioden gratis Waasser ze kréien.
D’Stéphanie Rosquin huet Infoe ginn iwwert d'ASBL "pour une parenthèse" . Déi setzt sech zanter 2019 dofir an, dass och zu Lëtzebuerg, wéi am Ausland, e Kannerhospiz gebaut soll ginn. D'Haus soll sech u Famillje vu Kanner riichten, déi op palliativ Soinen ugewise sinn – heescht, wou d'Kanner eng liewensverkierzend Erkrankung hunn. D'Iddi ass et, d'Famill iwwert de gesamte Wee begleeden ze kënnen: Vun der Diagnos un an iwwert den Dout vum Kand eraus. Zum enge wéilt een de Familljen erlaben, d'Kand rouege Gewëssens an eng kompetent Betreiung ze ginn, zum aneren awer och gemeinsam als Famill hei Zäit ze verbréngen.
D’Leit waren dono iwwerzeecht, dass d’Geld op deene richtige Plazen ukomm ass.