Zäitfueren zu Nidderpallen

Den 28.06.2018 ass den Zäitfueren zu Nidderpallen laanscht gefuer an den Elite souverän Victoire fir de Bob Jungels, Elite ouni Kontrakt huet den Tim Diederich säin Titel verdeedegt, An der Kategorie vun den Dammen gouf et op den 11,7 Kilometer wéi erwaart eng Victoire fir d'Christine Majerus. D'Anne-Sophie Harsch ass allerdéngs nach Espoire an doduerch huet si hei den Titel gewonnen. Bei den Espoire konnt den Tom Wirtgen um Enn säi Championstitel verdeedegen. Bei de Junioren huet den Arthur Kluckers gewonnen, Bei den Debutanten war de Jérôme Jentgen iwwert déi 11,7 Kilometer de Beschten. Bei de Masters war de Steve Moog an enger Zäit vu 16 Minutten an 58 Sekonnen op den 11,7 Kilometer dee Séiersten.