D'Hexemeeschter vun Nacher spenden 1500€ un den Foyer Eisleker Heem

Wei all Joër, hun d’Hexemeeschter vun Nacher och dëst Joër den 21. Oktober, een Don fir een gudden Zweck gemeet an den sollt 2020 un den Foyer Eisleker Heem vun Lëlljen goen. Wéinst den bekannten Restriktiounen war ët dëst Joër just am klengen Krees méiglech, wou mir zu Lëlljen vun der Madame Majeres Tanja an dem Här Dumont André empfangen gin sin.

Nodems eisen Président den Verein virgestallt huet an doniewt och gesot huet dat am Joër 2021 duerch Corona nit wei gewinnt am Januar Theater gespillt géif gin, sin mir iwert den Site vum Foyer gangen, an hun Erklärungen kritt wat mat den Leit déi ënnert dem Statue handicapé agestallt sin, geschafft gëtt. An 7 verschiddenen Atelieren gëtt an enger Dagesstruktur hir Autonomie gefuerdert. Niewent dem Gemeis an Planzengaart hun si ennert aanerem awer och nach een Bistro mat Restaurant an dem si mat régionalen Produiten schaffen. Si fueren raus bei d’Leit an d’Alentouren schaffen, hun eng grouss Wäscherei, ennert anerem fir Sportsvereiner, Campingen an och Privatleit.

Den Foyer Eisleker Heem besteet sait 30 Joër, an d’Hexemeeschter sin frou mat hirem Don vun 1500€, een Zonk den ronderem dei ganz Anlag soll opgeriicht gin, kënnen hëllefen mat ze finanzeiren.