D'Hexemeeschter vun Nacher spenden un d'Wonschkutsch


Schon iwer 30 Joer spillt Theateréquipe “Hexemeeschter vun Nacher” all Joer am Wanter hiiren Theater a spenden och ëmmer een Deel vun den Einnahmen fir eng gutt Saach. Dëst Joer

waren si frou fir hiiren Don vun 1500€ un d’Vereenegung Wonschkutsch, déi vum Annick Waaijenberg an dem Patricia Rickal vertrueden waren, ze iwerreechen. Bei engem Patt an engem gudden Maufel huet de President, Fernand Paquay, et sech nit huelen gelooss, am Numm vun den Hexemeeschter, säin déifsten Respekt fir de Bénévolat vun de Leit, déi fir eng gutt Saach astinn, auszedrecken. En huet awer och all de Memberen vun den Hexemeeschter merci gesot fir hiren Asaatz iwert daat ganzt Joer, an zeitgleich op déi folgend Theaterowender, den 10., 11., 12., 17. an 18. Januar 2020, higewisen.