"Léif Matbiergerinnen a Matbierger" - e Message vum Kandidat Norbert Maes


Den 9. Oktober trieden ech un, fir meng Virstellungen vun enger moderner, sech am Wuessen befannender Gemeng ze verwirklechen. Déi Virstellungen sin a mengen Aën eng logesch Fortsetzung vun där Politik, déi an deene vergangene Joren eis Gemeng marquéiert a liewenswärt gemach huet. Déi Virstellungen loossen sech natirlech am beschten am Schäfferot ëmsetzen, well am Schäfferot gët net nemmen reagéiert, do gët agéiert. Duerfir eis mäin kloert Ziel, fir an de Schäfferot eran ze kommen an fir do mat ze hëllefen, eis Gemeng ze gestalten.

Meng Virstellungen hun ech zesummegefasst an ech hun se op menger Webseit

norbertmaes.wordpress.com

publizéiert, sou dass Dir, d'Wielerinnen an d'Wieler aus eiser Gemeng wësst, wou Dir mat mir drun sid. Dir kennt mech gudd an Dir wësst, dass ech ëmmer dat soën, wat ech denken an dass ech dat machen, wat ech soën. Dofir gidd mir w.e.g. den 9. Oktober Aer Stëmm an ech versichen mäin Bescht ze machen, fir Iech nët ze enttäuschen.