Norbert MAES, Kandidat bei den Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017.


Léif Matbiergerinnen an Matbierger aus der Géisdrëfer Gemeng.

An deenen leschten 6 Joër hat ech déi grouss Chance fir Aeren Buergermeeschter därfen ze sin. Et wor net emmer alles Zockerlecken an et wor besonnesch am Ufank eng hart Zäit. Mir woren 3 nei Leit am Schäfferot an mir hun jiddereen versicht, fir eist Bescht ze machen. Mat den Joren ass et eis awer sou ergangen, wéi an e sou muncher engem sengem Stod: Mir hun eis, net um menschlechen, mais um politeschen Plang, auseneen gelieft. Ech, fir méin Deel, stoung fir méi eng sozialdenkend Gemeng, déi no baussen hin communiquéiert an wou d’Bierger därfen matschwätzen.

Well och nach weider Gemengeconseillerën esou geduecht hun ewéi ech, huet sech e Grupp gebillt an mir hun spéider décidéiert, sou wéi dat an aneren fortschrëttlechen Landgemengen och den Fall ass, fir als Equipe zesummen an déi kommend Wahlen zë goën. 5 nei Kandidaten sin bei eis komm an mat hinnen zesummen sin mir „Eng eeneg Equipe fir eis Gemeng“.

Dir hutt an der Tëschenzäit mäin Flyer kritt, wou ech Iech mäin Bilan virgeluecht hun, mat deem, wat an deenen läschten 6 Joer ennert mir als Buergermeeschter an eiser Gemeng verwierklecht gin ass. Den Bréifdréier huet Iech e beeselchen méi spéit eng weider Brochür vun mir an d’Bréifkescht geluecht, mat deenen Punkten, déi fir eis Equipe an fir mech wesentlech sin, fir den Développement vun eiser Gemeng mat hiiren schéinen Dierfer ze garantéieren, ouni dass mir awer d’Charakteren vun deenen schéinen Dierfer wëllen futti machen.

All eenzelnen Kandidat vun eiser Equipe huet dat selwecht gemach, an Iech an der Zwëschenzäit op déi Punkten higewissen, déi fir hien besonnesch wichteg sin.

Jiddfer eenzelnen aus eiser Equipe présentéiert sech Iech also net nemmen als Kandidat, mais hien seet och, fir wat hien besonnesch am Kader vun eisem Programm steet. Bildung, Liewensqualitéit an Wunnengsbau sin awer déi grouss Punkten, déi bei eis all erausstiechen.

An nach eppes: Mir hun gesot, dass MIR fir EIS Politik stinn. Mir loossen déi aner Kandidaten mat Rouh, mir schwätzen nët schlecht iwwer si an mir respektéieren hir Iwwerzeegungen. EIS Politik kritt keng Plus-value doduercher, dass mir HIR Politik oder souguer d’Perséinlechkeet vun deenen aneren Kandidatinnen an Kandidaten erofmachen.

Léif Wielerinnen an Wieler aus der Gemeng Géisdrëf.

Et kann kengem egal sin, wou eis Gemeng an deenen nächsten 6 Joren hinsteiert. Dir kennt eis Kandidaten an Dir kennt mech. Vertraut eis an gidd eis Aer Stëmm. Mat eiser politescher Erfahrung setzen mir deen Programm ëm, deen mir Iech heem an Aert Haus gescheckt hun. Moosst eis an 6 Joer un eisen Resultater.

Aeren Buergermeeschter seet Iech villmols Merci.

Eng eeneg Equipe fir eis Gemeng.

0},ei�`��