Chrëschtmaart Gemeng Nidderaanwen

04
Dez
04 Dez - 06 Dez

Vum 4. bis 6. Dezember 2026 verwandelt sech de Site vun der Gemeng zu Ueweraanwen rëm an e stëmmungsvolle Chrëschtmaart.​‌


Freet Iech op eng gemittlech chrëschtlech Atmosphär, vill verschidde Stänn a vill schéi Geschenkiddie fir d'Advents- a Chrëschtzäit. Fir déi passend musikalesch Begleedung suerge wärend dem ganze Weekend verschidde musikalesch Highlights. ​‌


Natierlech dierf och e ganz speziellen Invité net feelen: De Kleesche kënnt laanscht a suergt virun allem bei deene klenge Visiteure fir e besonnesche Moment!


Programm:


Freiden, 4.12. | 17.00 - 22.00 Auer

17.30 Auer: Offiziell Ouverture vum Chrëschtmaart a Presenz vum Gemengerot

17.45 Auer: Intermezzo mam Saxofon-Ensemble (UGDA)


Samschden, 5.12. | 12.00 - 22.00 Auer

12.00 - 14.00 Auer: De Kleeschen op Besuch, begleet vun engem Concert vun der Fanfare Hueschtert

14.00 - 17.00 Auer: Sandmäertchen

14.30 Auer: Concerte vun den Nidderaanwener Schoulkanner (Cycle 2-4)

16.45 Auer: Concert vum Ensemble Vocal Jubilate Musica

19.00 Auer: Concert vun der Band Lullingbirds


Sonnden, 6.12. | 12.00 - 20.00 Auer

12.00 - 20.00 Auer: Hobbymaart

15.00 Auer: IDEA Chrëschtdanzshow