D'Daf vun der Rous ,,Andethanna''

De Freiden, 7. Juli, war e ganz besonnesche Rendez-vous virum Gemengenhaus zu Ueweraanwen. Zesumme mat der Lëtzebuerger Rousefrënn asbl, hu mir bei sonnegem Wieder op d'Daf vun der Rous ,,Andethanna'' invitéiert. De fréiere Buergermeeschter vun Nidderaanwen, den Här Raymond Weydert, ass Pätter, an d'Damme Roberta Dario, Rose Scharfe-Hansen a Christiane Bour si Giedel vun der Rous ginn. D'Feierlechkeet ronderëm d'Rous ,,Andethanna'' war a Presenz vun der Presidentin vun der Lëtzebuerger Rousefrënn asbl, der Madamm Maryse Weirig-Hensel, dem Ziichter vun der Rous, dem Här Martin Vissers an dem Direkter vun der ASTA a Representant vum Agrarminister, dem Här Marc Weyland. Musikalesch begleet gouf dëst Event vun der Nidderaanwener Museksschoul.