Den Contdown leeft. Nach 24 Stonnen bist Buergbrennen.

Virbereedungen vir't Buergbrennen vum Sonndeg den 22 Februar sin ofgeschloss. Duerch den villen Reen vun der leschter Woch, ass et net emmer einfach gewiercht. Mee d'Buerg déi gebaut get, vun den Pompjeeën an den Scouten aus der Gemeng Nidderaanwen, huet hier Form ugeholl, wouvunner dir iech un Hand vun aktuellen Fotoen iwwerzeegen kennt. Muer den Owend um 19:30 get se zou Uweraanwen bei der Gemeng gebrannt.