Buergbrennen zu Nidderdonwen/Uewerdonwen

Samschdës de 25. Februar 2012 war ais traditionellt Buergbrennen. Fir d'eischt hun ais Pompjeeen d'Buerg mat ganz vill Léit opgeriicht, dun sin se mëttes mat engem schéin gerëchtenen Won vun Haus zu Haus gaang an hun op manst eemol d'Pompjeeslidd gesongen, wobai si dann mat enger Klengegkeet an hierer Kees belount si gin. Dun as et owes virun gaang mat engem Fakelzuch deen zu Uewerdonwen an der rue Béinert fortgaang as, an zu Nidderdonwen an der rue Puert bis bei d'Buerg déi dann och verbrannt gin as. Duerno si mer all bis bei d'Haalen vun der Famill Beck gaangen wou jiddereen eng Klengegkeet iessen konnt, entweder, Grillwurscht, Mettwurscht, Fritten oder Gullaschzopp, wou fir jiddereen eppes derbai war. Herno war d'Haal gutt gefëllt a kënnen soen, dass et e groussen succès war. Merci der Nidderdonwener Jugend an de Pompjeeen vun Uewerdonwen fir deen gelongen Daag. Also daat nächst Buergbrennen kann schons kommen.