De Kleeschen war op Besuch zu Uewerdonwen

Wéi all Joers huet de Club des Jeunes et organiséiert datt de Kleeschen de 5. Dezember owes bei d'Kanner heem an d'Haiser kann goen fir hinnen eng kleng Freed ze maachen. Esou war et och dëst Joer. Wéi ëmmer as hien mat 2 Gesellen ennerwee gewiecht wou déijeeneg och e Koup Rudden ausgedeelt hun, nët nëmmen fir déi kleng, mä och mol fir déi grouss, well de Kleeschen gesait jo alles, och daat waat déi grouss maachen. Déi kleng waren ganz frou fir esou vill Kadoen vum Kleeschen ze kréien an daat gesait een jo ëmmer gären wann d'Kanneraen blënzelen. Merci nach engkéier fir d'Organisatioun vun der Jugend, déi all Joers et méiglëch maachen datt de Kleeschen mat séngen Gesellen iwwerhaapt an d'Haiser geet.