Eierung bei der Entente Uewerdonwen

An der rezenter Generalversammlung vun der Entente Uewerdonwen huet den Wampach's Luss als President an den Demuth'en Fern als Keesier hir Aemter zur Verfügung gestallt. Si sinn mat enger schéiner Corbeille fir hiert laangjäregt Engagement bei der Entente Uewerdonwen geéiert ginn an hunn Merci gesot kritt fir di vill Aarbecht, déi si an deene ville Jore geleescht hunn.