Bouch iwer d'Veréierung vum Hl. Celsus zu Uesweller

Uusterméndig, de 6. Abrëll 2015, hunn d’Par Uesweller an d’ganz Duerfgemeinschaft zesumme mam Här Äerzbëschof Mgr. Jean-Claude Hollerich en duebele Jubiläum gefeiert: 300 Jar Celsusveréierung zu Uesweller a 75 Jar Päerdseenung vun der Neizäit.

Als Erënnerung un dësen Dag gëtt den Uesweller Kiercherot e Bouch mat Fotoe vun dëser eemoliger Feierlichkeet eraus. Doriwer eraus enthält dëst Bouch interessant Dokumenter a Fotoen aus eener laanger Rei vun Celsusfeieren, déi zum Deel bäi Geleegenheet vun der 300-Jarfeier an eener Ausstellung am Veräinssall zu Uesweller ze geséi waren, suwi en etlich Artikelen iwer d’Geschicht vun der Par Uesweller.

Well d’Erausgi vun dësem Bouch (Format Din A4, ± 150 Säiten, kartonéiert Deckelen,) e grusse finanziellen Opwand mat sich bréngt, biede mir Eech ëm Är Ënnerstëtzung. Dir hott de Choix tëschent folgende Méiglichkeeten:

- Membre donateur: vun 10 € un
- Comité d’honneur: vu 25 € un
- Comité de patronage:vu 50 € un
- Patronage vun eener Säit:vu 75 € un

Iwerweise kënnt Dir Äre Bäitrag bis den 31. Dezember 2015 op de Kont vun der „Fabrique d’Église Osweiler“ bäi der Raiffeisekeess CCRALULL LU16 0090 0000 1298 8499 mam Vermierk „Celsus 300“.

Bäi em Don vu 25 € un kréit Dir d’Bouch Ënn Mierz 2016 gratis zougestallt.

Merci am Viraus fir Är Mathëllef an Är Generositéit.


Fir d’Par Uesweller

Abbé Luc Schreiner
Pastuer vum Parverband Ënnersauer

Alphonse Ries
Presidënt vum Uesweller Kiercherot