Gedenkfeierlechkeeten zu Uesweller

Zu Uesweller stoungen den 12. a 15. Dezember 2019 ganz am Zeeche vun der Commemoratioun zur Ardennenoffensiv an der éischter Befreiung vum Lëtzebuerger Land viru 75 Joer.

Den Ufank huet den 12. Dezember 2019 d’Ouverture vun der Ausstellung «Frontgebitt» am Centre Culturel «a Lannen» zu Uesweller gemaach. Dës Austellung gouf an Zesummenaarbecht mam CEBA, dem «Cercle d’Études sur la Bataille des Ardennes», konzipéiert an opgeriicht. Hei kënnen d’Visiteuren nach bis den 12. Januar e puer Abléck an déi deemoleg Zäit kréien, dëst unhand vu konkreten Zeenen déi sech an den Dierfer vun eiser Gemeng ofgespillt hunn. Um selwechten Owend gouf d’Buch «Mir musse fort» vum Service Historique vun der Gemeng virgestallt. An dësem Buch gëtt sech mat der Thematik vun der Evakuatioun an eisen Dierfer wärend der Ardennenoffensiv ausernee gesat. Musikalesch gouf dësen Owend vum Cello-Ensemble vun der regionaler Musekschoul vun Iechternach begleet.

Samschdes, den 14. Dezember, huet den 95 Joer alen Veteran Bob Burrows, deen mat der 80. Divisoun am «No Man’s Land» hei am Land gekämpft huet, d’Ausstellung «Frontgebitt» an d’Re-enactors op der «Schlammfuer» besicht.

De 15. Dezember ass moies beim Monument am ënneschten Duerf a bei der Schull zu Uesweller un d’Affer vum Zweete Weltkrich geduecht ginn. A Presenz vum Lt. Col. Victor Osweiler vun der US Air Force, als Vertrieder vun der Ambassade, gouf eng Gerbe niddergeluecht. D’Sonnerie ass hei vun zwee Memberen vun der Militärmusek gepillt ginn.

Um 17.00 Auer hate sech d’Leit Rendez-vous op der Duerfplaz zu Uesweller ginn. Am Fakelzuch ass et a Richtung «Schlammfuer» gaangen, wou de Mich Zeimet vum CEBA de Leit Informatiounen iwwer déi sougenannten «Foxholes» ginn huet. Um Wee zréck an de Centre Culturel «a Lannen» goufen Projektioune mat Bildmaterial un zwee Hausgiewele gewisen. Ënnerluecht goufen déi Opnamen vun Texter aus Tagebicher a Berichter vum William S. Nickell, Edouard Bisenius an Albert Toussing, déi vum Millie Beneké, Sanny Schwartz, Daniel Bisenius a Stefan Fandel virgedroen goufen.

Zum Ofschloss huet d’Gemeng op en Éierewäin invitéiert an d’Leit konnte sech bei enger gudder Gulasch-Zopp, servéiert vun der Entente vun den Uesweller Veräiner, opwiermen.