Gedenkzeremonie zu Uesweller

An Erënnerung un den Ufank vun der Rundstedt-Offensiv vum 16. Dezember 1944 organiséiert d’Gemeng Rouspert-Mompech all Jar den drëtten Adventssonndeg eng Gedenkfeier zu Uesweller. A Präsenz vum Regional Security Officer Martin T. Juenge vun der US-amerikanischer Botschaft zu Lëtzebuerg gouf och dëst Jar d’Undenken un déi amerikanisch Zaldoten an Éiere gehal, déi am Wanter 1944-45 un der Frontlinn Uesweller-Déickweller agesat waren an do hiert Liewen gelooss hunn.