Rennuewerees zu Peppeng an d'Resultat

Den 1. an 2. Oktober 2011 ass zu Peppeng am Bauremusée bei engem Rennueweversuch eng Eiseloupe vun enger 50 Kilo entstanen. Eng Loupe ass vereinfacht ausgedréckt eng Zort Kuch aus Eisen deen duerch d'Erhëtze vu verschiddenen Erzer an engem Uewen iwwer laang Zäit an duerch grouss Hëtzt entstanen ass.

Dës Loupe kann awer net direkt als Eise verschafft ginn, mee muss „ausgeschmidd“ ginn, dat heescht duerch weidert erhëtzen a schmidden vu Knascht am Eisen, deen duerch de Prozess am Rennuewen entstanen ass, gerengescht ginn.

Dëst gouf den 14. Januar dëst Joer duerch den Uewemeeschter Romain Bohr an d'Schmattebridder vun der Héphaïstos A.s.b.l. zu Rëmeleng an hirer aler Schmëtt an Ugrëff geholl.

D'Biller op deser Säit vermëttelen e gudden Androck vun dëser schweesdreiwender Aarbecht an d'Ennresultat weist, dass d'Recherchen déi gemaach si ginn, déi vill Zäit déi investéiert ginn ass an déi schwéier Aarbecht sech op allefall gelount hunn.