Rennuewereess zu Peppeng am Baueremusée

Den 1. an 2. Oktober 2011 gëtt d'Rennverfahren fir Eisen hierzestellen, dat am 13. Joerhonnert am Genoeserbesch bei Peppeng genotzt gouf, am nogebauten Rennuewen matt authenteschen Erzen an Holzkuel am Baueremusée zu Peppeng virgefouert. Samschdes den 1.Oktober ass den Uewen um 11 Auer mueres bis um 6 Auer owes mat Holz op d'Temperatur bruecht ginn ier en eng éischt Kéier mat Holzkuel an Erz (85% Limonit an 15 % Minette) geluede gouf. Den Uewemeeschter Romain Bohr a seng Equipe hunn iwwer déi ganz Nuecht all 10 Minutten nogeluegt sou dass am ganzen 261 Kilo Erz a ronn 200 Kilo Kuelen wäerte verschafft ginn, ier den Uewen no 14 Auer haut de Mëtten, 2. Oktober 2011 zu Peppeng opgemaach gëtt. Sollt de Versuch gegléckt sinn, ka matt enger Loupe vun 20 Kilo gerechent ginn, déi dann och kompaktéiert an en Deel ausgeschmidd gëtt. All intresséiert Leit kënne sech ab 2 Auer zu Peppeng dëse Spektakel ukucken. Bei dëser Geleeënheet kann och e Blëck an de Baueremusée geheit ginn.

Méi Informatiounen op www.musee-rural.lu