Edmond Keller fir säin 90. Geburtsdag gratuléiert


Perlé: Bei bäschter Gesondheet a berechtigtem Stolz konnt den Edmond Keller vu Perlé séin 90. Geburtsdag feieren. Duefir war et fir de Buergermeeschter Toni Rodesch mat sengen zwéin Schëffen Myriam Binck an Mike Bolmer eng besonnech Éier fir dem Jubilar mat engem gut gefëllten Geschenkkuerf am Numm vun der Gemeng Rammerich ze gratuléieren. Den Edmond Keller gouf den den 14. August 1931 als jëngste Bouf vun dräi Kanner zu Lëtzebuerg gebuer. Seng Elteren waren den André Keller an d’Marie Swiderska. Als Chauffeur bei der franséischer an éisteréichischer Botschaft an duerno bei enger Bank huet héin sein Dingst geleescht, an dat bis zu senger wuelverdingten Pensioun am Joer 1991. D’Hochzäit mam Josette Gringor vum Bridel war den 1. Oktober 1954. Eng Duechter an e Jong, dräi Enkel- an zwee Urenkelkanner zielen haut zur Famill Keller. Wéinst den beruflichen Aktivitéiten vun hirem Mann Edmond , den a senger Fräizäit als begeeschterten Jeeër sengem Hobby noogaangen ass, war seng Madame nit nëmmen als Hausfra awer och als Kächen ganz engagéiert. Zënter 1973 wunnen Sie an hirem Haus zu Perlé. Ofschléissend ass zesummen mat der Famill op enger weider gesond an zefridden Zukunft ugestouss gin. (CR) (FOTO: Charles Reiser)