Grouss Uebstbam- an Heckeplanz- Aktioun mat de Schoulkanner


Pärel: Zu Lëtzebuerg, gouf 1991 den Dag vum Bam ënnert dem offizielle Numm „Journée de l’arbre“ vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur agefouert a gett gewéinlech am Laaf vum Mount November organiséiert. Sou waren déi motivéiert Schüler aus dem Zykel 4.2 vun der Kietschter Grondschoul mam Schoulmeeschter Paul Hermes trotz e bëssen killen Temperaturen, erausgerëckt, fir ënnert der Leedung vum Fieschter Serge Hermes mat sengen Equippen, um Bann zu Pärel ronn 600 Heckeplanzen fachgerecht an de Buedem ze setzen. Niewt verschidden Zorten vu Sträich sin och nach 9 Uebstbeem geplanzt gin. No deser Aktioun, huet de Fieschter Serge Hermes de Schüler de Sënn a Notze vun den Uebstbeem an de Planzen am Detail erklärt an hinnen matgedeelt, dat dess Planzaktioun virun allem derzou bäidréit, nieft der Opwaertung vum Landschaftsbild an der Gemeng Rammerich, och dem Biodiversitéitsverloscht entgéint ze wierken. Doriwwer eraus kritt esou e Projet, durch d’Abanne vu Schloulklassen een enorme pädagogische Wert. A sengem Schlusswuert huet de Buergermeeschter Toni Rodesch mat senger Schëffin Myriam Binck jidderengem , awer virun allem de Schüler säin oprichtige Merci ausgesprach an op de verdingte Chocky mat Croissant invitéiert, den vun der Gemeng Rammerich offréiert gouf . (CR) (Foto: Charles Reiser).