Wëllkomm bei engem Patt fir di nei Matbierger


Perlé: „Pot de Bienvenue pour les nouveaux habitants de la Commune de Rambrouch“- Esou stong op der invitatioun vun der Gemeng Rammerich, déi all nei Matbierger op engt flott Zesummesin am Kulturzenter zu Perlé agelueden haaten. No de Wieder vu Wëllkomm vum Buergermeeschter Toni Rodesch mat sengem Gemengen- a Schëfferot ass d’Sonja Kettmann vun der „Commission consultative communale d’intergration“ op Sënn an Zweck vun desem Event agaangen, wou all neie Matbierger sech ënnereneen solle besser kënne léieren an och an dem Kontext vun der Geleenheet können ze profitéireren fir sech en Abléck vun denen verschiddenen Veräiner hiren Aktivitéiten, déi hei vertruede waren, können ze verschaaffen. Nom unhiewen vum Glas a bei engem gudden Schnittchen huet esou muencher een sech op deene verschiddenen Stänn vun den Veräinsaktivitéiten intensiv berode gelooss an och Interesse gewissen fir mol an der Fräizait un dem engem oder aanerem Gesellschaftsliewen aktiv mat ze machen. Jiderrengem gouf och e klenge Kado offréiert vun der Gemeng geschenkt.(CR) (Fotoen: Charel Reiser)