Wëllkomm vum Jean- Jacques Flammang an der Par Rammerich Saint- Valentin

D‘Par Rammerich Saint-Valentin heescht den neie Curé- Modérateur haerzech wëllkomm

Installatiounsfeier vum Pater Jean-Jacques Flammang

Pärel: No deems dat den Herz- Jesu Pater Jean- Jacques Flammang zum Curé- Modérateur fir di zwou Paren Atertdall Sainte- Claire an Rammerich Saint- Valentin ernannt gi war an och schon am Virfeld zu Réiden/Atert an der Kierch feierlich installéiert gouf, koum et elo an der Kierch zu Perlé zur Installatiounsfeier an der Par Rammerich Saint Valentin. Agangs huet de President vum Conseil Parossial , Fränz Jacques den neien Geeschtlechen haerzlech Wëllkomm geheescht an him de Schlëssel vun der Kierch, stellvertrietend fir all Kierchen aus der Par, iwerreecht. Hirem langjährige Paschtour Marcel Grethen, den mat sengen 83 Joer während schon iwert 45 Joere an der Par Rammerich aktiv ass, huet de Präsident weiderhin Alles Guddes gewënscht. Dese Schlëssel ass dunn vum Curé Modérateur, dem langjährige Paschtouer och weidergereecht gin an huet och op eng zukünftig gut Zesummenarbecht bis zu senger Pensioun, higewiessen. A senger Ried ass den Dechen Félix Steichen op di lang Karriere vum neie Paschtouer Jean- Jacques Flammang agaangen, den 1956 zu Lamadelaine op d’Welt komm ass. Grad esou wi de Fränk Dimmer als Titular- Katechet an der Par, huet d’ Präsidentin vum Pastoralrot, Sonja Kettmann, op di Wichtig Aufgab vum Paschtouer an der heitiger Zäit higewiesssen fir den zwéin Geeschtlechen uschléissend e klenge Kado als Zeechen vun Dankbarkeet iwerreechen ze loossen. Zum Schluss vum Gottesdéngst, den och a Präsenz vum Mathieu Janssen, Paschtouer an der Gemeng Useldeng an Vincent Billot, curé- subsidiaire konzelebréiert an zesummen mat de Gemengevertrieder a Parleit vum Organist Henri Grof musikalisch encadréiert gouf, huet de Pater Jean- Jacques Flammang sech bei Allen fir di beandrockend Feier bedankt, mat dem Wonsch zesummen mat denen zwou Paren, déi wéi an der Vergangenheet, och an Zukunft hir Autonomie behaalen, gut zesummen ze schaffen. Wieder denen sech den aktuelle Paschtouer Marcel Grethen och gaeren ugeschloss huet. (CR) (FOTO: CHARLES REISER)