Biller, Foto a Skulpturenausstellung

24
Apr
24 Apr - 26 Apr

Faszinéierend Konschtvielfalt zu Péiteng: Ausstellung an der Maison de la Culture „A Rousen“, Galerie Schiffweiler

Péiteng, Abrëll 2026 – Vum 23. bis den 26. Abrëll weist d’Maison de la Culture „A Rousen“ zu Péiteng eng nei Konschtausstellung, organiséiert vun „Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl“ an dem Syndicat d’Initiative an Tourismus Péiteng, an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Péiteng.

Insgesamt 12 Kënschtler presentéieren hir Wierker aus de Beräicher Molerei a Skulptur a bidden domat en impressionanten a villfältegen Abléck an déi aktuell Konschtszeen. D’Ausstellung ass freides vun 17 bis 19 Auer a samschdes a sonndes vun 15 bis 18 Auer op.

E besonnesche Programmpunkt ass de „Meet the Artist“ um Sonndeg, de 26. Abrëll, ab 16:30 Auer. Visiteuren hunn hei d’Méiglechkeet, mat de Kënschtler an den direkten Austausch ze trieden an méi iwwer hir Aarbecht, Techniken an Inspiratiounsquellen ze erliewen.

Déi ausgestallte Kënschtler: Marcel Bombardella, Jos Johanns, Christiane Kayl-Elvinger, Pascale Kiwy, Eliane Lothritz, Aline Philippart, Amanda Rheeders, Sonja Roller, Josette Schmit, Olha Yurkina, Volodymyr Yurkin a Carmen Zeimet.

D’Ausstellung bitt eng eenzegaarteg Geleeënheet, modern an traditionell Konscht aus noer ze entdecken an déi individuell Handschrëft vun de Kënschtler ze erliewen. Si versprécht, e kulturelle Rendez‑vous ze ginn, deen Inspiratioun a nei Andréck hannerléisst.

Kontakt: Hobbykëchtler Lëtzbuerg asbl info@hobbykl.lu, ww hobbykl.lu