Kreativmaart HandgemArt an der Gemeng Nidderaanwen
Et ass déi 2. Kéier datt am Centre polyvalent „A Schommesch“ de Kreativmaart HandgemArt vun der Gemeng Nidderaanwen an Zesummenaarbecht mat „Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl organiséiert gëtt.
Ronn 60 Membere vun „Hobbykënschtler Lëtzebuerg a.s.b.l“ bidden hir selwer gemaachte Saachen zum Verkaf un. Ugebuede ginn Holzaarbechten, Keramik, Käerzen, Bitzen an Heekelen, verschidden Zorte vu Schmuck, Kaarten, Biller, Konscht aus Bicher a Pabeier a villes méi.
Am Foyer ass eng speziell Ausstellung ënnert dem Motto „WOODART“. Wat alles aus a mat Holz gemaach gi kann, kënnt Dir dee Weekend do bewonneren.
Kaffi a Kuch gi vun Hobbykl ugebueden, a fir frësch Saache vum Grill suergt e Foodtruck.
Detailer op: https://hobbykl.lu/kreativmaart.php