Erfollegräich Fortsetzung: Den zweeten Kreativmaart „Handgemart“ zu Nidderaanwen
um weitere Bilder zu sehen.
De Weekend vum 28. Februar an 2. Mäerz 2026 huet de Centre Polyvalent „A Schommesch“ zu Ueweraanwen erëm seng Dieren opgemaach fir mëttlerweil den zweete Kreativmaart „HandgemART“. No der gelongener Première am Joer virdrun ass d’Manifestatioun nees vun der Gemeng Nidderaanwen an Zesummenaarbecht mat der Vereenegung Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl organiséiert ginn – a konnt direkt un de Succès vum éischte Joer uschléissen.
De Buergermeeschter Fred Ternes huet et sech net huele gelooss, de Kreativmaart feierlech opzemaachen an déi vill Visiteuren häerzlech wëllkomm ze heeschen. Am Ganzen hu 60 Memberen vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg hir handgemaachte Wierker an zwou Ausstellungsraim presentéiert. D’Visiteuren haten d’Geleeënheet eng breet Pallette u léifvoll gestalte Saachen ze bewonneren – vu dekorativen Objeten bis hin zu eenzegaartegen Eenzelstécker.
E besonnesche Bléckfang war och dëst Joer erëm d’Billerausstellung am Gank, wou Konschtwierker a verschiddenen Technike gewise goufen an esou fir zousätzlech Inspiratioun gesuergt hunn. Am Géigesaz zum leschte Joer stoung am Foyer dës Kéier net Thema „Paperart“, mee „Woodart“ am Mëttelpunkt. Sechs talentéiert Kënschtler aus dem In- an Ausland hunn impressionnant Aarbechten aus Holz presentéiert a gewise wéi villsäiteg dëst Material ka sinn.
Déi duerchgoend positiv Resonanz ënnersträicht de Succès vun der Manifestatioun a mécht Loscht op déi nächst Editioun – bei där d’ Thema „Keramikart“ am Mëttelpunkt stoe wäert.
weider Fotoen fënnt een op der Hompage vun HOBBYKL:
https://www.hobbykl.lu/fotogalerie.php
Fotoen: Copyright Gemeng Nidderaanwen