Den 3. an 11. Oktober verwandelt sech de Shopping Center Topaze um Mierscherbierg erëm an e Paradäis fir handgemaachte Konschtwierker. D’Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl invitéieren häerzlech op hire Kreativmaart a weisen am Zentrum hir eenzegaarteg Stécker, mat vill Léift gemaach.
Egal ob Keramik, Stoff, Beton, Pabeier oder Bijouen – fir all Geschmaach ass eppes dobäi. Wien e spezielle Kaddo fir de Pappendag sicht oder schonn entspaant Chrëschtdagskaddoen fir Grouss a Kleng wëll besuergen, ass hei genau richteg. All Wierk ass eenzegaarteg a mat Häerz gemaach.
Firwat also net eng kleng Paus vum Akafsstress maachen a gemittlech duerch d’Gäng vum Zentrum trëppelen? D’Kënschtler hir kreativ Aarbechte lueden zum Staunen, Entdecken a Kafen.
Gratis Workshops
Weider Informatiounen: https://www.hobbykl.lu/news-an-aktuelles.php