Devernissage vun der Biller, Foto a Skulpturenausstellung / Meet the artists
Sonndeg, 26.04. vun 16:30 un, Devernissage vun der Ausstellung an der Maison de la Culture „A Rousen“, Galerie Schiffweiler
Insgesamt 12 Kënschtler presentéieren hir Wierker aus de Beräicher Molerei a Skulptur a bidden domat en impressionanten a villfältegen Abléck an déi aktuell Konschtszeen.
E besonnesche Programmpunkt ass de „Meet the Artist“ um Sonndeg, de 26. Abrëll, ab 16:30 Auer. Visiteuren hunn hei d’Méiglechkeet, mat de Kënschtler an den direkten Austausch ze trieden an méi iwwer hir Aarbecht, Techniken an Inspiratiounsquellen ze erliewen.
Déi ausgestallte Kënschtler: Marcel Bombardella, Jos Johanns, Christiane Kayl-Elvinger, Pascale Kiwy, Eliane Lothritz, Aline Philippart, Amanda Rheeders, Sonja Roller, Josette Schmit, Olha Yurkina, Volodymyr Yurkin a Carmen Zeimet.
Kontakt: Hobbykënschtler Lëtzbuerg asbl info@hobbykl.lu, ww hobbykl.lu