Erfollegräich 3. Editioun vum Charity Dinner zu Péiteng

Bei der drëtter Editioun vum “Charity Dinner”, déi am Mee vun dësem Joer stattfond huet, konnte sech d’Organisateuren erëm iwwer eng staark Solidaritéit freen. Am Kader vun enger feierlecher Receptioun am Hochzäitssall vun der Gemeng Péiteng ass un d’Vertrieder vun „Ee Kannerlaachen asbl“ an „Fir ee gudden Zweck Gemeng Péiteng asbl“ e Scheck mat der Zomm vun 28.000 € iwwerreecht ginn.

Dës bedeitend Spend konnt duerch d’Initiativ vum Rotary Club Bascharage Kordall an der enkster Zesummenaarbecht mat der Gemeng Péiteng iwerrecht gin. D’Receptioun huet dobäi net nëmmen den offiziellen a symbolesche Kader fir d’Iwwerreechung gebueden, mee och d’Wichtegkeet vun der kontinuéierlecher Aarbecht vun deenen zwou Associatioune gewierdegt, déi sech mat vill Engagement fir sozial Projeten asetzen.

D’Evenement huet domat nach eemol ënnerstrach, wéi wichteg et ass, zesummen ze handelen, fir Mënschen an Noutsituatiounen konkret a gezielt ze ënnerstëtzen.