Moien dir léif Discofrënn,
A knapp engem Mount ass et souwäit, dann ass Kleeschensdag.
Wéi all Joers ass och erëm ons legendär ‘Discotisme meets Kleeschen’, wou mir ons natierlech géife besonnesch freeën iech erëm ze gesinn.
Hei eng Kéier kuerz déi wichteg Infoen zesumme gefaast:
01.12.2018 vu 15:00-19:00
Am VERSO an der Rives de Clausen
Musek vum DJ DEE
Virverkaf vun 3€
kënnt der wéi ëmmer per Email ufroen (Discotisme@autisme.lu)
Oweskeess 5€
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt
(mir maache wéi ëmmer ons Bréidercher)
A natierlech ass och erëm de Kleeschen an den Houseker op Besuch ;)
Weider wichteg Informatioune fannt dir op eisem Flyer.
Bei zousätzleche Froen zéckt net ons ze kontaktéieren (discotisme@autisme.lu).
Mir freeën ons op iech.
Bis ganz geschwënn
Äert Discoteam