Grousszügeg Ënnerstëtzung fir d'Associatioun Île aux Clowns

D'Associatioun Île aux Clowns ass frou, datt vill Privatleit an Entreprisen se ënnerstëtzen, wéi zum Beispill d'Firma Energolux. Mat ënner anerem der Hëllef vun dësem generéisen Don, kënne mer weiderhin e Laachen an d'Gesiichter vu Grouss a Kleng zauberen an esou deene Mënsche schéi Momenter schenken, deenen et net esou gutt geet. Säit dem Ufank vun der sanitärer Kris mécht d'Associatioun hiert Bescht weiderhin un der Säit vun hire Beneficiairen ze bleiwen, sief et mat Visitten oder Concerten ënner strenge sanitäre Mesuren oder d'Opnam vu Spektakelen op DVD a Visiobesich fir d'Alters- a Fleegeheemer oder d'Klinicken.

E grousse Merci un all déi, déi eist Engagement ënnerstëtzen.