Annette a Shari Pleimelding a Pascale Seyler stellen aus

Préizerdaul: Fir dem Publikum dobaussen mol hir Fräizäitarbecht an zugläich hiren Hobby virzestellen, hun gläich dräi fräischaffend Kënschtlerinnen aus dem Préizerdaul, deser Deeg, op d‘Ausstellung vun hire Wierker am Kulturzentrum „ Op der Fabrik“ zu Platen, invitéiert. Wat een Alles aus Keramik realiséiere kann, dat konnt e gläich bei der Vernissagefeier, déi musikalisch mat der Jazz-Combo Paul & Friends- Band encadréiert gouf, bewonneren. An dene verschiddensten Formen a Farwen sin héi eng ganz Partie, och zum Deel praktisch Saachen vum Annette Pleimelding- Graf, unzetreffen. An enger ganz aanerer Richtung wéi seng Mamm befaast sech d’Shary Pleimelding mat sengen extra feinen Duerstellungen déi aus dem „Dotwork“ enstaane sin. Dess eenzegartig Technik, bei der ganz vill Erfahrung a Können verlaangt gin, ass eng Konscht fir sech, wou et zielt dat vollständigt a an regelmässigen Punktofstänn korrekt anenaaner ze setzen an domadder wonnerbar Biller entstaane sin. Den Numm Pascale Seyler ass muench engem schon säit laanger Zäit, e Begrëff. Mat sengen Molereien mat denen ofwiesslungsräichen Motiver an och an dene verschiddensten Grëissten könnt säint Moltalent bäschtens zum Virschäin. D’Ausstellung „Op der Fabrik“ am Préizerdaul, mat fräiem Entrée a Covid Check ass e Samsdes, den 18. Dezember vun 14.00 bis 20.00 Auer a sonndes, den 19. Dezember vun 11.00 bis 18.00 Auer fir de Publikum zougänglich. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)