Edmond Manes feiert sengt 85. Liewensjoer


Platen/Préizerdaul: Ganz iwerrascht iwert de Besuch vum Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen zwéi Schäffen Fernand Muller a Marc Rehlinger war den Edmond Manes, wéi hien viru kurzem fir säin 85. Geburtsdag verbonnen mat denen bäschte Gléckwënsch, eng gut gefëllte Corbeille konnt entgéint huelen. Den Edmond Manes koum den 24. November 1936 als den zweet jéngste Jong vun dräi Kanner vum Brautpuer François Manes an Anna Clees zu Lëtzebuerg op d’Welt. Den 11. September 1987 huet hien seng Frau Maya Knopik dat och zu Lëtzebuerg gebuer gouf, bestued. Haut gehéieren zwéi Jongen an eng Duechter zur Famill Manes, déi d’Famill lues a lues ëm dräi Enkelkanner vergréissert hun. Zënter 1985 wunnen sie allen zwee an hirem neien Haus zu Platen am Préizerdaul. Den Edmond Manes huet a sengem aktiven Berufsliewen wärend 40 Joer bis zu senger Pensioun am Joer 1997 als Elektrotechniker bei der Post geschafft. A senge jonke Joer war hien och an der Nationalequippe vum Konschtturnen zu Hollerich ganz aktiv. Awer och d’Musik zielt bis haut nach vun dem Edmond senge léiwsten Fräizaithobbien. Zënter 78 Joer spillt hien en Instrument an ass schon säit 1985 an der Préizerdauler Musik mat voller Begeeschterung nach derbéi. A flotter Ambiance ass d’Glas erhuewe gin an op weider zefridden a gesond Joeren ugestouss gin. (CR ) (Foto: Charles Reiser)