Niki Frank zum 85. Gebuertsdag gratuléiert


Platen: Mat enger gut gefëllter Corbeille war de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen zwéi Schëffen Fernand Muller an Marc Rehlinger viru kuurzem bei den Niki Frank op Platen komm, fir him fir sein säin 85. Gebuertsdag ze gratuléieren. Den Niki Frank koum den 25. Mäerz 1937 als eenzege Jong vum Brautpuer Franz Frank an Maria Schimberg zu Platen op d’Welt. D’Hochzäit mam Josette Bildgen vu Wolwen war den 27. Juli 1963. Aus hirem Bestiednis huet hire Jong Marc d’Liicht vun der Welt erblëckt. De Pol, hirt eenzegt Enkelkand gehéiert haut zum Stolz vun der Famill Frank. De Jubilar huet a sengem aktiven Berufsliewen wärend 40 Joer bei der lëtzebuerger Eisenbunn bis zu senger Pensioun sengt deeglicht Brout verdingt. Och als langjährige Sänger beim lokalen Gesangveräin war de Niki ganz aktiv. Zesummen gouf d’Glas erhuewen an op weider gesond an zefridde Joeren ugestouss gin. (CR ) (Foto: Charles Reiser)