Summerconcert mat der Préizerdauler Musik an hirem Jugendensemble

Schéint Wieder an e flotte Musikprogramm hun zu dem 1. Summerconcert am Préizerdaul beigedroen. Am 1. Deel huet de Jugendensemble hirt musikalischt Talent bewissen an duerno huet di Préizerdauler Musik a schéinen a gefälligen Concert offréiert. Dat ganzt stong ënnert der Leedung vum fréieren Dirigent Fernand Muller. Mat flotter Ënnerhaalungsmusek vun der " Um Steen Band" konnt jiderreen nach e puer agreabel Stonnen mateneen verbrëngen. (FOTOEN: CHAREL REISER)