Tour du Duerf Gemeng Préizerdaul hat vill Erfolleg

Am Kader vun der Mobilitéitswoch am Kanton Réiden waren vill Vëlosfrënn beim Start um Parking bei der Fabrik zu Platen derbéi. No der Begréissung vum Buergermeeschter Marc Gergen, den och jidderengem Merci gesoot huet fir d'Matmaachen, huet hien duerno den flotten Vëlotour och presentéiert an invitéiert fir zum Schluss vun deser Randonnée de Patt offeréiert vun der Gemeng zesummen ze genéissen. (CR) (Foto: Charles Reiser)