Margot Kindler mat 85 nach fit


Proz: Um 85. Gebuertdag nach fit ze sin, duefir konnt d‘ Margot Kindler zu Proz sech viru kurzem erfreeën. D’Jubilarin gouf den 19.Juli 1937 als die drëttjëngst Duechter vu véier Kanner zu Waasserbëlleg gebueren. Hir Elteren waren den Alphonse Kindler, den bei der Firma Cerabati geschafft huet an d’Ketty Dostert. D‘Hochzäit mam Robert Leurs vum Gréiweknapp, war den 21. September 1957. Aus hirem Bestiednis ass hir eenzeg Duechter, Pia ervirgaangen. Haut erfreet sech d’Gebuertdagskand ëm hir véier Enkelkanner a sechs Urenkelen. Leider ass hire Mann den 27. August 2003 verstuerwen. Mam Josi Flick vu Klierf , den bei Ponts&Chaussées geschafft huet, an mat dem sech d’Margot Kindler den 30. Oktober 2004 fir zweet bestued huet, hun si dunn zesummen seit 2014 an hirem neien Haus zu Proz gewunnt. Och hien ass den 22. August 2020 vill ze fréih verscheed, esou dat d’Jubilarin elo nach eleng an hirem Haus zu Proz wunnt. Wéi dat an der Gemeng Préizerdaul zur Traditioun gehéiert, war de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengem Schëffen Marc Rehlinger mat engem schéinen Arrangement vun Orchideen bei d’Margot Kindler virstellig, fir dem rüstigen Gebuertsdagskand di allerbëscht Gléckwënsch vun der Gemeng Préizerdaul ze iwerbrëngen, wofir sich di 85- jährig Jubilarin och haerzlich bedankt huet. Duerno ass d’Glas op weider gesond an zefridde Joeren zesummen mat der Famill erhuewe gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)