Abschiedsfeier bei der Gemeng Rammerich

Eng angenehm Pensioun gewënscht

Rammerich: Et war fir de Schäfferot vun der Gemeng Rammerich viru kuurzem am Rammericher Kulturzenter am Kader vun enger Feier, eng besonnësch Éier fir eng Partie Leit , déi zënter Joeren innerhalb vun der Gemeng wärend laange Joeren an dem engen oder aaneren Service geschafft hun, ze verabschieden. No senge Wëllkommensgréiss an Neijoerswënsch huet de Buergermeeschter Toni Rodesch di gut Zesummenarbecht souwi den wertvollen Aasatz vun den eenzelnen Matarbechter besonnësch ervirgehuewen an hinnen eng angenehm Pensioun gewënscht. Folgend Persounen sin niewt hirem jeweiligen Partner mat engem Kado geéiert gin: Myriam Donat- Schomer fir 10 Joer Dingst. Daniel Kayser (26 Joer), Raymond Salentiny (36 Joer), Michèle Creton- Hurt (13 Joer) an Nicole Goudembourg- Schneider (40 Joer). Bei engem gemeinsamen Festiessen huet dess schéin Abschiedsfeier hire würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)