Jonk an Al Gemeng Rammerich

Rammerich. Op der Generalversammlung vun Jonk an Al Gemeng Rammerich gouf kierzlech op dat läischt Joer zréck gekukt, wat leider ëmmer nach am Zeeche vun der Pandemie stoung. Manifestatiounen goufen et vill manner.

Den Tresorier Jean-Marie Sassel huet den Bilan vum Joer presentéiert. D'Keesereviseurin Monique Paul-Berg konnt der Versammlung eng mustergülteg Comptabililéit an eng gesond finanziell Situatioun vum Veräin bestätegen an huet d'Entlaaschtung virgeschloen.

Wei et seit Joeren Traditioun as sin eng etlich Memberen geeiert gin:

Fir 75 Joer: Reichling Anni, Bauschelt; Berends Nicole, Hueschtert; Ketter Raymond, Bungeref; Prom Marcel, Martel; Mille Marie-Louise, Pärel; Kemmer Madeleine, Uewerpallen; Mersch Jo, Bauschelt.

Fir 80 Joer: Lauterbour Charles, Bungeref; Gratia Nicole, Pärel; Rasque Marie, Rammerich; Flammang Josy, Roumicht; Mores Eugène, Foulscht; Linz Stephan, Kietscht; Mille Jules, Pärel; Reichling John, Bauschelt; Croat André, Pärel; Goncalves Armand, Rammerich.

Fir 85 Joer: Heinen Francine, Pärel; Kobs Irma, Bungeref; Strotz Alice, Bungeref; Schonckert Marguerite, Bungeref; Guirsch Maria, Houltz.

Den Komité setzt sech zesummen aus: Rita Sassel-Guirsch (Präsidentin);

Jean Herren (Vizepräsident); Jean-Marie Sassel (Sekretär an Tresorier); Steve Nickts, Christiane Mergen-Heusbourg; Odile Bolmer-Ries; Marie-Jeanne Rausch.

Keesereviseuren bleiwen Monique Paul-Berg an Manuel Herren.