Réckbléck op 2022 Generalversammlung vun Jonk an Al Gemeng Rammerech

Kierzlech hat Jonk an Al Gemeng Rammerech hir Generalversammlung. No enger Gedenkminute fir die verstuerwen Memberen gouf op Aktivitäten vum Joer 2022 zréck gekukt an den Programm fir 2023 virgestallt. Duerno huet den Trésorier Sassel Jean-Marie den Bilan vum Joer 2022 presentéiert. D'Keesereviseurin Monique Paul-Berg konnt der Versammlung eng mustergülteg Comptabilitéit an eng gesond finanziell Situatioun vum Veräin bestätegen an huet d'Entlaaschtung virgeschloen. Wéi all Joer goufen och dest Joer Memberen geéiert : Welfring René, Beiwen um Stau; Ketter Josée, Bungeref (fir 75 Joer) , Ansay Constant, Bungeref; Mannes Marie-Thérèse, Hueschtert; Ansay Lydia, Bungeref; (fir 80 Joer); Herren Jean, Bungeref; (fir 85 Joer)

De Comité setzt sech zesummen aus : Sassel-Guirsch Rita (Presidentin) ; Herren Jean (Vizepresident); Jean-Marie Sassel (Sekretär an Tresorier); Steve Nickts ; Christiane Mergen-Heusbourg; Odile Bolmer-Ries; Marie-Jeanne Rausch. Keesereviseure bleiwen Monique Paul-Berg a Manuel Herren.