Martin Assen fillt sech mat 90 nach wuel


Rammerich: Mat den beschten Gléckwënsch fir déi 90 Joer war den Buergermeeschter Toni Rodesch mat sengen zwee Schäffen Myriam Binck an Mike Bolmer op Rammerich komm fir dem Gebuertsdagskand Martin Assen am Numm vun der Gemeng Rammerich ze gratuléieren. Bei der Iwwerreechung vun enger gutt gefëllter Corbeille goufen sech un sellechen Anekdoten vun fréier erënnert, huet den Martin dach vun 1955 bis 1964 zu Ueschdref gewunnt. Gebueren gouf den Martin an Holland, méi genau zu Coevorden den 06.11.1932 als drëtten vun insgesamt 5 Kanner. Seng Elteren wären den Assen Gerhard an Blaauwgeers Johanna. Am Joer 1955 ass hien dunn op Lëtzebuerg ausgewandert, wou en zu Rammerich 1957 ob dem Kirmesfest am fréieren Café Scheeck seng Fra Alice Moonen kennegeléiert huet. Bestuet gouf sech den 04.11.1958 zu Saeul. 1964 sinn se zesummen vun Ueschdref ob Rammerich gezunn, fir eicht op Goelt an 1974 dunn an hiert jetzegt Wunnhaus. 4 Kanner, 11 Enkelkanner an 10 Urenkelen zielen haut zu der grousser Famill Assen. Zesummen mat der Famill gouf op eng weider gesond an zefridden Zukunft ugestouss. (Foto: Charles Reiser )