Neie Fuerpark vun der Gemeng Rammerich offiziell iwergin


Rammerich: Wann een wëll gut Arbecht machen, muss een och gut an optimalt Geschier hun ! Dat waren d’Wierder vun der Schëffin Myriam Binck bei der offizieller Iwergab vum neie Fuerpark, den no an no zum Wuel vun alle Matbierger an der Gemeng Rammerich ugeschaaft gin ass. Zu deser klenger Feier an der Wierkstaadt um Riesenhaff konnt d’Myriam Binck niewt de Vertrieder vun de verschidde Firmaen, och d’Personal vum Technischen Service haerzlich Wëllkomm heeschen, déi och am Laaf vum Joer mat der néidiger Schaff- a Sëcherheetskleedung konnten ausgerëscht gin. Bei engem gudde Maufel gouf op eng weider gudd Zesummenarbicht mat allen Instanzen higewissen. (CR) (Fotoen: Charel Reiser)