Vernissagefeier Fotoausstellung: Kulturkommissioun Gemeng Rammerich

Rammerich: De Fotosprojet ass am Oktober dat läscht Joer vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Rammerich an d’Liewe geruff gin. Dese Projet hat als Thema „de ländliche Raum vun der gemeng Rammerich“ a war oppen fir all Fotograf, deen interesséiert war, fir héi matzemaachen. D’Participante hunn also net missen aus der Gemeng Rammerich stamen, mee et ass awer drop gehaale gin, dat di Fotoen um Gebitt vun der Gemeng gemaach sollte ginn. Et hun schlussendlich eng 20 verschidden Fotografen ronn 300 Fotoen fir dese Projet eragereecht, vun denen d’Kulturkommissioun eng 30 Fotoen fir eng Wander- Ausstellung zrëckbehaalen huet. Am Kader vun der Vernissagefeier viru kuurzem am Hall vum Rammericher Gemengenhaus sin d’Schäffin Myriam Binck wi och de President vun der Kulturkommissioun, Gilles Kremer op Sënn an Zweck vun desem Projet mat kulturellem Charakter agaangen an hun och jidderrengem Merci gesoot fir d’Matmaachen. Des Weideren sin di 30 priméiert Fotoen eng éischte Kéier dem Public wärend de Festivitéiten vum Nationalfeierdag 2022 zu Holtz gewise gin. D’Ziel war et do, iwwert eng Ofstëmmung duerch d’Awunner vun der Gemeng Rammerich, déi schéinsten Fotoen aus deenen 30 Opnahmen erauszewielen. Déi Fotoen sollen och dann op verschidden Plaatzen permanent ab Fréijoer 2023 innerhalb vun der Gemeng gewisse gin. Bei deser Feierstonn ass och denen fréieren Matarbechter vun der Kulturkommissioun Chantal Hansay an Fés Ketter fir hirt Engagment mat engem Kado Merci gesoot gin. (CR ) (Foto: Charles Reiser)