Seasonopening vum DT Recken/Miersch mat Meet an Greet mat senge Sponsoren

Seasonopening vum DT Recken/Miersch mat Meet an Greet mat senge Sponsoren

Präsentatioun vun den neien Trikoten

Den DT Recken hat seng Sponsoren, Spiller a Frënn op eng Trikotpräsentatioun invitéiert. Bei der Begréissung ass de Präsident vum DT Recken, Mike Kraus, drop agaang, wéi wichteg et ass, ee gudde Partenariat mat senge Sponsoren ze hunn. Des Weideren huet hien bemierkt, dass den DT Recken versicht, all Joer seng Trainingsstruktur ze verbesseren an domadden senge Spiller a Spillerinnen déi bescht Entwécklungsméiglechkeeten ze bidden. Duerno huet all Sponsor, dee präsent war, Zäit kritt, fir sech an seng Aktivitéit virzestellen. Bei engem Modedefilee sinn Trikoten an d’Sponsore virgestallt ginn. Den Owend ass bei engem gemittleche Patt an engem klengen Maufel ausklénge gelooss ginn.