RECKENG OP DER MESS FEIERT D’MERLETTËFEST: EE WEEKEND VOLL MAT KULTUR, MUSEK A PARTY VUM 8. BIS 10. MEE 2025
D’Gemeng Reckeng op der Mess invitéiert Grouss a Kleng op déi 4. Editioun vum Merlettëfest, déi vum 8. bis den 10. Mee 2025 um Parvis vum Gemengenatelier stattfënnt. Dräi Deeg Concerten, kulinaresch a kulturell Entdeckungen, Aktivitéite fir déi ganz Famill – a wéi gewinnt gratis!
Donneschdeg, 8. Mee – Afterwork mat Musek a Sport
Um 17 Auer geet et lass mat lokalen Acts op der Bün: Abis (jonk Pop-Punk-Band vu Reckeng), The Dusty Jones Band (Country) an The Soulcookies (Funk & Soul). Um 18 Auer gëtt de Mérite Sportif 2024 un déi beschte Reckenger Sportler iwwerreecht.
Freideg, 9. Mee – MESSTIVAL Vol. 4: Eisen urbane Familljefestival, co-organiséiert mam Reckenger Rapper MAZ
Ab 14 Auer gëtt Reckeng zu enger Plattform fir Diversitéit, Inklusioun a Kreativitéit.
Live op der Bün:
Maz Univerze, Francis of Delirium, Maale Gars, No Metal In The Battle, Skuto, Eva Marija, Stracki an e speziellen Hip-Hop-Concert fir Kanner mam Nikki Ninja & Afrobeathoven. Och eis Maison Relais huet am Nomëtteg e ganz speziellen Optrëtt preparéiert.
23:50 – Stracki
22:45 – Maz Univerze
21:30 – Francis Of Delirium
20:15 – Maale Gars
19:00 – No Metal In This Battle
18:00 – Eva Marija
17:00 – Skuto
16:00 – Nikki Ninja & Afrobeathoven
15:00 – BAMSS by Maison Relais
Ronderëm d’Bün:
Atelieren a Stänn vun engagéierte Veräiner, Liesstonne mat Tatta Tom, Tattooen, Stroossekonscht…
Loosst den Auto stoen! Eis speziell Messtival-Navette mécht de ganzen Dag den Tuer vun der Gemeng a bréngt d’Leit aus all Uertschaft sécher op de Festival-Site.
Samschdeg, 10. Mee – MultiKulti: d’Welt virun An an op dem Teller
Vu 11 bis 18 Auer geet et op Weltrees! Iwwer 15 Länner stellen hir Spezialitéiten vir, alles als Degustatiounsportiounen (Bezuelung nëmmen a Cash).
Op der kultureller Säit weise sech ë.a. d’Chorale Ste.-Cécile, The Nerds, D’Capoeira-Team, kroateschen Tamburitza, Line-Dance mat den Oklahoma Dancers a Bollywood-Dänz.
D’Merlettëfest – En engagéiert a solidarescht Fest
Mir setzen op Ëmweltschutz (Recyclage, Méiweegeschier, douce Mobilitéit) an ënnerstëtzen eis lokal Veräiner, déi fir d’Iessen an d’Animatioun zoustänneg sinn. Eng inklusiv an nohalteg Organisatioun, gedroe vun der Gemeng, de Kommissiounen, eise Jonken, Eldoradio, Konektis an Lemon Event Support.
Praktesch Infos:
8., 9. a 10. Mee 2025
Gemengenatelier Reckeng op der Mess – 53, rue Jean-Pierre Hilger – L-4980
Gratis Entrée
Nach méi Informatiounen an déi lescht Aktualitéiten:
www.reckange.luFacebook: reckangemessInstagram: @gemeng_reckeng & @Messtival2022TikTok: @messtivalfestival