Onwieder iwert der Gemeng Reckeng-op-der-Mess

Den 6. Juli huet en Onwieder an baal ganz Letzebuerg fir Problemer wei Iwerschwemmungen, emgefallen Beem an souguer Stroumausfäll gesuergt. Och d'Pompjeeen Ehleng wuaren ab 19:00 am Asatz. Et goufen 7 Beem ewechgeholl, dei d'Stroossen blockeiert hun, op den Stroossen vun Ehleng op Monnerech, Lampech op Monnerech, Reckeng op Dippech-Gare an zu Ehleng an der rue du Centre. Desweideren huet och en lokalen Bauer missten mat Stroum versuergt gin, well den Stroum duerch en Waasseranbroch ennerbrach wuar. Insgesamt wuaren eng 9 Pompjeeen während ronn 4 Stonnen mat KDOW, GW-S, mobilen Stroumgroupe an MTW ennerwee. Am Asatz wuar och den Service Technique vun der Gemeng Reckeng.
(Symbolfoto Copyright: Akim Schmit)