Alice Feinen- Jacoby huet hiren 90. Gebuertdag gefeiert

Alice Feinen- Jacoby feiert 90. Gebuertsdag

Réiden/Atert: Zënter dem 20. Februar 2024 verbrëngt d’Alice Feinen- Jacoby vu Rippweiler hiren Liewensowend am Home pour personnes agées zu Réiden/Atert, wou si sech och wuel fillt. Et war och do, wou si viru kuurzem hiren 90. Geburtsdag könnt feieren. D’Alice Jacoby gouf den 21. Mee 1935 zu Rippweiler gebuer. Hir Elteren waren den Alphonse Jacoby an d’Marie Biesen. Hire Brudder, Armand, ass leider schon verstuerwen. Als Kand dass d’Jubilarin zu Näerden a Rippweiler an d’Primärschoul gaang an duerno op Ettelbréck an d’Pensionnat Saint Anne. No der Schoul huet d’Alice, doheem am Bauerebetriib geschafft bis den an denen 60er Joeren opgehal huet. Sie huet ganz gaeren am Gaart geschafft an hat vill Freed mat de Blummen an och mat hiren Hinger. Den 1. Mee 1957 ass Hochzäit gefeiert gin mam Emile Feinen vu Wëntger, den bei Arbed Belval an duerno op der Neelfabrik zu Biissen bis zu senger Pensioun sengt deeglicht Brout verdingt huet. Aus hirem Bestiednis sin de Raymond, d’Christiane an de Marco, den leider schon den 9. Dezember 2016 verstuerwen ass, erviergaangen. Haut zielen 5 Enkel- an 3 Urenkelkanner zum Stolz vun der Famill Feinen- Jacoby. Leider ass hire Mann, Emile, den 23. September 2010 och schon verstuerwen. Am Kader vun enger schéiner Gebuertdagsfeier war et den Eric Urbain, den als éischten am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal, der rüstiger 90- Jähriger Jubilarin, di allerbäscht Gléckwënsch konnt iwerbrëngen. Duerno war et um Buergermeeschter Pollo Bodem, den op dem Alice Feinen- Jacoby hirem laangen Liewenswee kuurz agaangen ass an am Numm vun der Gemeng Useldeng nëmmen dat Allerbäscht fir Zukunft gewënscht huet. Och d’Annie Linster huet am Numm vum Gaart an Heem Useldeng gratuléiert , wou d’Alice 52 Joer laang am Komitee, dovunner 45 Joer, Keessière war an och während ville Joeren ganz aktiv war. Vum Senioreforum Gemeng Useldeng huet d’Presidentin Mady Wolff- Tholl, d’Gléckwënsch iwerbruecht. Iwert di vill schéi Blummen a Kadoen zu Festdag huet d’Jubilarin sech och immens gefreet. Duerno ass d’Glas erhuewe gin an op weider gesond an zefridden Joeren ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)