Happy Birthday fir d'Irma Kobs- Loes zum 90. Gebuertsdag


Bungerëf: Mat enger schéiner Corbeille gefëllt mat Orchideeën war et fir d’Myriam Binck a Presenz vun hiren zwéin Schëffen Sonja Kettmann an Mike Bolmer eng besonnesch Éier fir dem Irma Kobs- Loes vu Bungerëf am Numm vun der Gemeng Rammerich zu hirem 90. Gebuertsdag och häerzlich ze gratuléieren. Desweideren huet d’Madame Buergermeeschter der Jubilarin déi nach recht fit ass weiderhin nach vill Joeren bei gudder Gesondhhet mat op hiren weideren Liewenswee gin. D’Irma Loes ass den 30. November 1935 zu Contern op d’Welt komm. Si war dat eelst vun 3 Kanner vum Jean Loes an Eléonore Scharfbillig. Den 18. August 1956 ass Hochzäit gefeiert gin mam Jos Kobs vu Bungerëf. Aus hirem Bestiednis sin zwéin Jongen an eng Duechter erviergaangen. Haut zielt d’Famill Kobs- Loes véier Enkelen an zwee Urenkelkanner. Grad esou wi hire Mann hun Si allebéid bei der CECA geschafft an hun zesummen bis 1980 um Lampertsbierg gewunnt, fir duerno definitif op Bungerëf an hirt Haus ze plënneren.. Bedingt duerch den Doud vun hirem léiwe Mann Jos am März 1983 huet hien leider missen fréihzäitig ophaalen mat Schaffen. D’Gebuertsdagskand Irma mëcht séin Haushalt och nach sëlwer a geet sengem Hobby, der Handarbicht mat vill Energie nach ganz gaeren no. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin an mat engem Happy Birthday op den 90. Gebuertsdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)