Dag vum Bam zu Réiden/Atert

Wéivill Spaass Beem planze maache kann hunn d’Kanner eis gewisen zu Nojem an der Gemeng Réiden/Atert. Mam leemhaltege Buedem war net einfach ze schaffen ma zesummen hu mir 6 Beem dank de SICONA Aarbechter gesat. Dono ass nach Mulch bäigeluecht ginn, fir datt d’Waasser ronderem d'Wuezelen net ze schnell verdonscht. Zousätzlech sinn se nach befestegt ginn a kruten eng Protektioun ronderëm fir datt déi jonk Uebstbeem uerdentlech wuessen a stabil ginn.

Insgesamt huet de SICONA an der Gemeng 741 Uebstbeem an der Gestioun an huet der iwwert déi lëscht Joer eng 100 jonk Uebstbeem geplanzt.

Merci der Gemeng Réiden/Atert an all den Acteure fir d'Erhale vun dëse wäertvolle Strukturelementer fir d'Biodiversitéit. Vun den Uebstbeem profitéiere ganz vill Insekten an Déieren. Wann se, wéi hei, op der Weed stinn, bidden se zousätzlech dem Véi Schied am Summer an déngen och mol bei Wand oder Reen als Ënnerdag.

#bamchallenge #pactenature