Dem Denise Goedert- Knops zum 90. Gebuertsdag gratuléiert


Réiden/Atert: Zënter September 2016 fillt Denise Goedert- Knops vu Schandel sech Wuel am Home pour personnes agées zu Réiden/Atert a konnt och héi bei gudder Gesondheet hiren 90. Gebuertsdag feieren. Denise Knops koum den 25. Mäerz 1933 zu Frassem (B) als dat jëngst vu fënnef Kanner op d’Welt. Hir elteren waren den Lucien Knops an d’Marie Mathay. No der Hochzäit am 9. Mee 1961 mam Félix Goedert hun sie allen Zwee den elterlichen Bauerebetrieb zu Schandel och weidergefouert. Aus hirem Bestiednis koumen zwéin Jongen an eng Meedchen op d’Welt. Haut kann d’Famill mat Stolz op hir fënnef Enkel- an zwee Urenkelkanner zerëckkucken. De Félix Goedert ass den 25. Mäerz 2005 leider verstuerwen. No de Gratulatiounen vum Home- Direkter Dany Oestreicher, den am Numm vum Haus mat schéine Blummen gratuléiert huet , war et fir de Buergermeeschter Pollo Bodem mat sengem Schëffen Christian Frank eng besonnesch Éier fir dem Denise Goedert- Knops mat enger Corbeille gefëllt mat schéine Blummen zum 90. Gebuertsdag, die allerbëscht Gléckwënsch am Numm vun der Gemeng Useldeng ze iwerbrëngen. A senger Laudatio ass de Buergermeeschter Pollo Bodem op der Jubilarin hiert aktivt Berufsliewen an der Famill, als Bauerefra an och als engagéierte Veräinsmember agaangen, wou nimols eng Stonn ze fréih an och ze spéit fir si war. Och de President Jules Schoujean vum Senioreforum Gemeng Useldeng huet gratuléiert a Merci gesoot fir di trei Memberschaft am Senioreveräin. Grad esou wie d‘Anny Linster huet Gléckwënsch vun der Gaart an Heem- Sektioun iwerbruecht wou Denise Goedert wärend 45 Joer als Komiteemember an och de wärend 25 Joer de Veräin als Presidentin un der Spëtzt gut gefuert huet. Fir di schéin Blummen a Wënsch vun den Veräiner an der Gemeng huet d’Gebuertsdagskand villmols Merci gesoot. Zesummen mat der Famill, Frënn a Bekannten ass duerno op weider gesond Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)