Feierlich Ouverture vun der Kiermes 2024


Réiden/Atert: „ Et ass Kiermes am Duerf, an de Spillmann ass do ! Esou huet et an der vergaangener Zäit op den Dierfer geheescht, wou e Mol am Joer d’Famillien beieneen koumen fir esou richtig zesummen ze feieren. Och zu Réiden/Atert war et och esou, awer wi bal iwerall am Ländchen ass et zimlich rouig gin fir desen Dag zesummen ze begouen. Et war ënnert dem Impuls vum Charel Welter, den mat der Iddi komm ass, fir d’Kiermes zu Réiden erëm op en néis opzefrës chen. Spontan waren de Schëffen- a Gemengerot sech eens fir d’Kiermes 2024 offiziell mat enger feierlicher Ouverture alauden ze loossen. Am Kader vun enger klenger Réceptioun ass de Buergermeeschter Henri Gerekens op d’Initiative vun desem event agaangen, dat vum 24. Mee bis zum 2. Juni op der Place Bian zu Réiden oflaafe soll. A senger Ried huet de Charel Hary, President vun de Forains betount, dat si mat vill Freed wärend e puer Deeg mat Spill a Spaass fir Grouss a Kleng op der neiorioentéierter Kiermes zu Réiden können deelhuelen mat der Hoffnung dat d’Wieder och matspillt. Nodeems dat den tricolorbändchen duerchgeschnidde gouf, ass d’Kirmesham opgeschnidde gin an op den Erfolleg vun der Kiermes 2024 zu Réiden/Atert geprost gin. (CR (Fotoen: Charel Reiser)