20 Jubilaren gouf gratuléiert
Réiden/Atert: Et ass fir d’éischt no dräi Joer Pademie- Paus dat mir héi am Home pour personnes agées zu Réiden/Atert erëm zesummen mat de Familjen eis Jubilaren zu hirem Geburtsdag könne feieren. Dat waren d’Wieder vu Wëllkomm vum Home- Direkter Dany Oestreicher, den allen 20 Jubilaren vun de Méint Dezember, Januar a Februar am Numm vum Réidener Altersheem, seng allerbëscht Gléckwënsch am festlich gerëschtem Saal, duerfen ze iwerbrëngen. Eng Coupe Schampes an é Stéck vum groussen Gebuertsdagskuch hun bei dëser agreabler Feier och nit gefeelt. Op di flott Musik vum Entertainer Top- Sound ass wärend e puer Stonnen och gut gedanzt a gesonge gin. Mat engem praktische Kado si folgend Jubilare geéiert ginn, wärend déijenig mat enger ronner Zuel och nach eng schéi Rous derbéi iwerreecht kritt hun. Mount Dezember: Marthe Mores- Befort (91 Joer); Maria Lucienne Binsfeld- Peiffer (84); Aloyse Theischen (91); Aline Colas- Kieffer (77); Emil Peller (90) an Viviane Schiltz (63). Mount Januar: Suzanne Mores- Schleich (99); Marie- Josée Bissen (69); Pierette Mersch- Rach (90); Marie Majerus- Derneden (97); Maria Rausch- Wallig (79) an Ketty Elsen (85). Mount Februar: Clemy Salentiny- Wirth (89); Sr. Benedikta (79); Elise Clesen-Theisen (91), Irène Bissen- Bormann (75); Léonie Schoder-Tintinger (92); Resie Reisen (84) an Maria Brack- Muller (86). (CR ) (Foto: Charles Reiser)